Passer à la navigation Passer au contenu principal

Mudamini Akademie. Konscht an Ekonomie

Quand

Fir Kanner

Vu 9–12 Joer

Sprooch

Lëtzebuergesch

Kee speziellt Wëssen néideg

Material ass sur place

Mat Umeldung

mudam.com/rsvp-mudamini-workshops
t +352 453785–531

Limitéiert Plazen

D’Droe vun enger Mask ass obligatoresch

Fir d’Konscht vun haut ze verstoen, ass et gutt d’Kënschtler vum leschte Joerhonnert besser kennen ze léieren. Mir entdecken op spilleresch Aart a Weis déi grouss Nimm aus der Konschtgeschicht, a verbannen den Cours mat praktesche Workshops.

Mir beginn eis zesummen op d’Sich no Kënschtler, déi d’Themen Ekonomie mat hirer Konscht verbannen. Den Ausgangspunkt ass eng Visitt vun der Ausstellung Post-Capital, déi sech unhand vu Skulpturen, Molereien, Fotoen, Videoen a Performancen mam Thema vun der zäitgenëssescher Ekonomie auserneesetzt. Dir sidd nach keen Expert am Thema Ekonomie? Dann ass dës Mudamini Akademie fir iech d’Geleeënheet, duerch praktesch Exercicen esou Wierder ewéi Ekonomie, de Marché oder de Wäert vun engem Konschtwierk ze entschlësselen!

© Photo : Mudam Luxembourg