Passer à la navigation Passer au contenu principal

Mudamini Akademie. De fräie Geescht an der moderner Konscht

Quand

Fir Kanner

Vu 9–12 Joer

Sprooch

Lëtzebuergesch

Kee speziellt Wëssen néideg

Material ass sur place

Mat Umeldung

mudam.com/rsvp-mudamini-workshops
t +352 453785–531

Limitéiert Plazen

D’Droe vun enger Mask ass obligatoresch

Fir d’Konscht vun haut ze verstoen, ass et gutt d’Kënschtler vum leschte Joerhonnert besser kennen ze léieren. Mir entdecken op spilleresch Aart a Weis déi grouss Nimm aus der Konschtgeschicht, a verbannen den Cours mat praktesche Workshops.

Loosst eis zesumme Kënschtler entdecken, déi als fräi Geeschter ugesi ginn, entweder duerch hir Konscht, oder duerch hir Perséinlechkeet. Den Ausgangspunkt ass en Tour duerch d'Ausstellung Freigeister, déi d'Wierk vu véierzéng Kënschtler vu Lëtzebuerg aus verschiddene Generatioune presentéiert. Duerno wäerte mir an de Studio goen, wou mir an d’Konschtgeschicht zeréckkommen, an duerch praktesch Workshops definéiere mir eis eegen Interpretatioun vun engem Freigeist. Mellt iech u fir en ofwiesslungsräiche Workshop ze erliewen tëscht verschiddenen artisteschen Approchen zum Liewen an zur Kreatioun!

© Photo : Mudam Luxembourg