Skip to navigation Skip to main content

Mudamini Akademie | Design an Architektur an der Konscht

When

Alter

9–12 Joer

Sprooch

Lëtzebuergesch

Präis

8€ / Workshop

Mat Umeldung

mudam.com/minibooking
t +352 453785–531

Limitéiert Plazen

Ännerungen an Annulatioune si méiglech.

Kee speziellt Wëssen néideg

Material ass op der Plaz

COVID-19

D'Droen vum Mask ass obligatoresch.
D'physesch Distanzéierung muss respektéiert ginn.

Wat gesinn ech do?
Fir d’Konscht vun haut ze verstoen, ass et gutt d’Kënschtler vum leschte Joerhonnert besser kennen ze léieren. Mir entdecken op spilleresch Aart a Weis déi grouss Nimm aus der Konschtgeschicht, a verbannen den Cours mat praktesche Workshops.

Design an Architektur an der Konscht
Mir ginn zesummen op d’Sich no Kënschtler, déi den Design an d’Architektur an hirer Konscht ganz ënnerschiddlech behandelt hunn. Den Ausgangspunkt ass eng Visitt vun der Ausstellung vum Leonor Antunes am Henry J. and Erna D. Leir Pavilion, deem seng Skulpturen inspiréiert sinn vum Design an vun der Architektur vum Raum. Duerno gi mer an de Studio, kucken zeréck an d’Konschtgeschicht an experimentéieren a verschiddenen Atelieren mat eisen eegenen Designs. Mellt iech un fir en ofwiesslungsräichen Dag tëscht Konscht, Design an Architektur ze erliewen!

© Mudam Luxembourg