Zur Navigation Zu den wichtigsten Inhalten

Zesumme mam 100komma7 Klassesall

Ech gesinn eppes, wat's du net gesäis

An dëser Serie stellen sech Konschtwierker, déi grad bei eis am Musée stinn, selwer vir. Lauschtert gutt no: Dir kënnt matrode wéi se ausgesinn an se duerno esou molen, wéi dir iech et virstellt. Wann dir färdeg sidd, kënnt dir eis är Biller iwwer workshop@mudam.com eraschécken.

Lauschtere kënnt dir exklusiv op 100komma7 - Klassesall, vu méindes bis freides all Dag vun 11:00 bis 12:00 Auer.

Duerno fannt dir d'Folgen hei op eisem Site:

1. Robert Morris
2. Su - Mei Tse
3. Suki Seokyeong Kang
4. Zilvinas Kempinas
5. Jean-Marie Biwer
6. Robert Morris (2)