Mudamini Akademie. De fräie Geescht an der moderner Konscht
- Wann
-
– - Fir Kanner
Vu 9–12 Joer
- Sprooch
Lëtzebuergesch
- Kee speziellt Wëssen néideg
Material ass sur place
- Mat Umeldung
mudam.com/rsvp-mudamini-workshops
t +352 453785–531- Am Kader vun der Ausstellung
Freigeister. Fragments of an art scene in Luxembourg and beyond
- Limitéiert Plazen
D’Droe vun enger Mask ass obligatoresch
Fir d’Konscht vun haut ze verstoen, ass et gutt d’Kënschtler vum leschte Joerhonnert besser kennen ze léieren. Mir entdecken op spilleresch Aart a Weis déi grouss Nimm aus der Konschtgeschicht, a verbannen den Cours mat praktesche Workshops.
Loosst eis zesumme Kënschtler entdecken, déi als fräi Geeschter ugesi ginn, entweder duerch hir Konscht, oder duerch hir Perséinlechkeet. Den Ausgangspunkt ass en Tour duerch d'Ausstellung Freigeister, déi d'Wierk vu véierzéng Kënschtler vu Lëtzebuerg aus verschiddene Generatioune presentéiert. Duerno wäerte mir an de Studio goen, wou mir an d’Konschtgeschicht zeréckkommen, an duerch praktesch Workshops definéiere mir eis eegen Interpretatioun vun engem Freigeist. Mellt iech u fir en ofwiesslungsräiche Workshop ze erliewen tëscht verschiddenen artisteschen Approchen zum Liewen an zur Kreatioun!