Zur Navigation Zu den wichtigsten Inhalten

Mudamini Akademie | D’Gesamtkunstwerk an der Konscht

Wann

Alter

9–12 Joer

Sprooch

Lëtzebuergesch

Präis

8€

Mat Umeldung

mudam.com/minibooking
t +352 453785–531

Limitéiert Plazen

Ännerungen an Annulatioune si méiglech.

Kee speziellt Wëssen néideg

Material ass op der Plaz

COVID-19

D'Droen vum Mask ass obligatoresch.
D'physesch Distanzéierung muss respektéiert ginn.

Wat gesinn ech do?
Fir d’Konscht vun haut ze verstoen, ass et gutt d’Kënschtler vum leschte Joerhonnert besser kennen ze léieren. Mir entdecken op spilleresch Aart a Weis déi grouss Nimm aus der Konschtgeschicht, a verbannen den Cours mat praktesche Workshops.

D’Gesamtkunstwerk an der Konscht
Mir ginn zesummen op d’Sich no Kënschtler, déi d’Gesamtkunstwerk an hirer Konscht ganz ënnerschiddlech behandelt hunn. Den Ausgangspunkt ass eng Visitt vun der Ausstellung vum William Kentridge, dee verschidden Techniken, Disziplinnen a Medien vermëscht, fir de Visiteur mat all sengen Sënner ze begeeschteren. Duerno gi mer an de Studio, wou mer zeréck an d’Konschtgeschicht blécken, an duerch praktesch Workshops eis eegent Gesamtkunstwerk definéieren. Mellt iech un fir en ofwiesslungsräichen Dag tëscht de verschiddene kënschtlereschen Disziplinnen ze erliewen!

© Mudam Luxembourg