Zur Navigation Zu den wichtigsten Inhalten

Iwwer d'Wolleken eraus

Kanner Workshop fir doheem

Inspiréiert un der Geschicht Iwwer d'Wolleken eraus

Den Haruto kuckt d’Villercher a schmunzelt. Hie streckt seng Äerm aus a stellt sech vir mat hinnen ze fléien, iwwer d’ganz Äerd ze fléien, an mam Kapp no ënnen an den Himmel ze dauchen.

Et ass wichteg Dreem ze hunn, wonnerschéi Projeten déi ee verwierklechen kann. Dat hält eis lieweg a léist eis wibbelen. Mol däi geckegsten Dram heihinner!

Bastel och aus engem Stéck Pabeier ee Villchen dee flitt. Géi den Uleedungen am Dokument dat's de erofluede kanns no. Alles wat's du dofir brauchs ass e véiereckegt Blat Pabeier (15x15 cm). e Stéck Pabeier a Form vun engem Band (5x15 cm) an e Stéck Pechpabeier. Ameséier dech!

Lued d'Aktivitéit eroof (pdf Format)
Schéck eis eng Foto vun dengem Bild